Donieft ginn et och nach weider Infos zum Ëmtausche vun den Ticketen

Nodeems ee schonn d'Headliner fir 2021 confirméiere konnt, sinn d'Organisateure vum Rock am Ring a Rock im Park weider amgaangen d'Festivals vun nächstem Joer ze plangen.

Elo goufen nei Bands annoncéiert, déi een 2021 ronderëm de Nürburgring ka gesinn. Mat dobäi sinn: Billy Talent, Broilers, Korn, Fall Out Boy, Deftones, The Offspring, Rea Garvey, Airbourne, Weezer, Bilderbuch, NF, Alan Walker, Powerwolf, Trettmann, Royal Republic, The Distillers an SSIO.

Donieft huet ee matgedeelt, dass Leit, déi Tickete fir d'Editioun vun dësem Joer haten, dës nach bis den 30. Juni kënnen ëmtauschen fir dann nächst Joer mat ze rocken. Wie se bis dohin net getosch huet, kritt dann automatesch d'Sue vun den Tickete zeréck.