Am Bundesstaat Wisconsin wëll een elo ee Rock-Festival starten an dat ganz ouni Social-Distancing Mesuren.

D'Event-Zeen ass besonnesch schlëmm duerch de Coronavirus getraff ginn. No an no ginn awer iwwerall Konzepter ausgeschafft fir nees zesummen ze feieren a Musek ze genéissen, awer ouni d'Sécherheet vun deenen eenzelnen ze riskéieren.

An den USA, méi genee zu Ringle am Bundesstaat Wisconsin, léisst een d'Sécherheetsmesuren awer lo op der Säit. Vum 16. bis den 18. Juli trieden do beim "Herd Immunity Fest" Bands op wéi Static-X, Nonpoint, Dope, Bobaflex, Royal Bliss, oder Saul. De Festival gëtt zwar baussen ofgehalen, mee et wäerte wuel keng Moossname gi wéi zum Beispill de Mindestofstand, Undoe vu Masken oder Desinfizéieren.

Eng héich kontrovers Decisioun. Déi meescht Concerten, a besonnesch Festivals ginn nämlech verréckelt oder och einfach ofgesot, wéi zum Beispill de Coachella Festival. Vill Experten halen et och ëmmer méi fir onwarscheinlech, dass een um Schluss vum Joer nees zu Normalitéit iwwergoe kann. Si rechnen éischter domat, dass grouss Veranstaltungen nees am Hierscht 2021 méiglech sinn.