Och de President vun den USA dierf net einfach Musek notzen ouni d'Kënschtler virdrun ze froen. Wéi zum Beispill bei Panic! At The Disco.

Et ass net fir d'éischt, a warscheinlech och net fir d'lescht, dass den Donald Trump Lidder fir säi Walkampf notzt ouni iwwerhaapt em Erlaabnis ze froen. Esou hat en zum Beispill virun e puer Wochen bei enger Veranstaltung d'Single "I Won't Back Down" vun Tom Petty and The Heartbreakers gespillt, ouni d'Famill vum Tom Petty am Viraus ze froen. Déi hunn doropshin eng Warnung un d'Wäisst Haus weiderginn, dass den Trump d'Lidd an Zukunft net méi dierf notzen.

Den Trump schéngt awer wierklech net ze léieren. Amplaz et sou lues besser ze wëssen, an einfach ze froen, huet en de 24. Juni bei sengem Optrëtt zu Phoenix am Bundesstaat Arizona d'Lidd "High Hopes" spille gelooss, wéi en op de Podium geklommen ass. Dat huet de Frontmann vu "Panic! At The Disco", de Brendon Urie awer guet net gutt fonnt. Fir direkt kloer ze maachen, dass den US-President sécher keng Erlaabnis oder Ënnerstëtzung vun der Band kritt, huet e getwittert.

Donieft ass et och net fir d'éischt, dass de Brendon Urie kloer Wierder fir den amerikanesche President huet. Esou huet en den Trump och eemol als "gëfteg Orange" bezeechent.