Den Atelier huet annoncéiert, dass ee fir de Concert vun "The Offspring" een neien Datum fonnt huet.

Déi amerikanesch Band "The Offspring" hätt eigentlech dëst Joer den 9. Juni nees hei zu Lëtzebuerg sollen optrieden.

Elo konnt een dann een neien Datum fannen: genee ee Joer nom eigentlechen Dag. Den 9. Juni 2021 geet et an der Rockhal nees richteg virun, mat Lidder wéi "Pretty Fly", "The Kids aren't right" oder "Self Esteem".