No den Uschëllegunge wéinst sexuellem Mëssbrauch, déi dem Bieber no net stëmmen, well de Sänger elo rechtlech géint déi zwou Userinne virgoen.

Nodeems zwou Userinnen op Twitter matgedeelt hunn, dass se vum Justin Bieber sexuell mëssbraucht goufen, hat de Sänger direkt reagéiert a gesot, dass et iwwerhaapt onméiglech gewiescht wier, dass en déi zwou Frae iwwerhaapt begéint hätt. Fir seng Onschold ze beweisen, hat en och eng Partie Dokumenter a Fotoe gewisen, déi seng Aussoe bestätegen.

Do hat de kanadesche Sänger och scho matgedeelt, dass e géint déi zwou Frae wéilt virgoen. TMZ no, soll de Bieber elo seng Uklo souwäit stoen hunn. Wann déi zwou Fraen effektiv sollte gelunn hunn, kéint dat eng richteg deier Affär ginn. De Bieber verklot nämlech béid Fraen op 10 Milliounen US Dollar, wéinst Diffamatioun.