D'Fans vum Beyoncé si guer net frou mam Britney, well hatt sech an engem Post op Instagram als "Queen B" bezeechent huet.

Et ka ganz séier goen, dass ee Star an d'Viséier vun engem anere Star senger Fangemeinschaft geréit. Dat weist och ee ganz rezente Fall vum Britney Spears. An engem Post op Instagram huet d'Britney eng Foto vun enger Bei mat enger Kroun gepost. An der Beschreiwung vun der Foto steet just: " Fir all meng Fans déi mech Queen B nennen, dat hei ass wuel déi passend Illustratioun".

Et sollt wuel éischter léif gemengt si fir seng eege Fans. Ma d'Fans vum Beyoncé hunn doran esou eppes änleches wéi eng Krichserklärung gesinn. Si bezeechne sech selwer och als "Beyhive" eng Uspillung un dat englescht Wuert fir Beiestack. Effektiv nennt d'Beyoncé sech schonn eng Partie Joeren Queen B. Jiddereen dee sech bis elo och nëmme getraut huet dat Wuert an de Mond ze huelen, krut et direkt mam Beyoncé senge Fans ze dinn. Esou zum Beispill déi jonk Sängerin Lorde. Hatt hat a sengem Lidd Royals d'Zeil "You can call me Queen B" gesongen. A war zur Zielscheif vum "Beyhive"ginn.

An de Kommentarer vum Britney sengem Instagram-Post ass dann elo eng richteg Schlacht tëscht deene zwou Fangruppen amgaangen. Wat d'Beyoncé oder d'Britney doriwwer denken ass awer net gewosst. Béid Sängerinnen hu sech bis elo net dozou geäussert.