E Sonndeg den Owend - déi beschte Live-Musek um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Gentleman

Den Gentleman ass duerch Mixtapes déi säi Brudder him vun Jamaika matbruecht huet op de Goût vum Reggae komm. Mat 17 Joer ass den Tilmann Otto, ewéi hie mat biergerlechem Numm heescht, da fir déi éischte Kéier selwer op déi karibesch Insel gereest, fir sech nach méi intensiv mam Museksstil auserneenzesetzen.

Haut ass den Gentleman net nëmmen an Däitschland mee op där ganzer Welt e gefeierte Star an der Reggae-Zeen. Hien huet ënnert anerem scho mat Kënschtler ewéi Kool Savas, Pink, Aloe Blacc oder Sean Paul zesummegeschafft. Besonnesch interessant ass awer seng Kollaboratioun mam Ky-Mani Marley, dem Bouf vun der Legend Bob Marley - 2016 hunn déi zwee den Album "Conversations" erausbruecht.

Datt den Gentleman och nei Saachen ausprobéiert huet hie viru kuerzem mat senger ganz neier Single "Ahoi" gewisen: Et ass säin alleréischte Release op Däitsch an en éischte Virgeschmaach op den Album "Blaue Stunde" deen am September erauskomme soll. Dëse Freiden, den 3. Juli, kënnt den Gentleman fir en exklusiven Drive-In-Concert an d'CARena op Péiteng. Mat eisem Eldo Live vun dëser Woch kënnt dir iech schonn op seng jamaikanesch Vibes astëmmen.

Erlieft den Gentleman live bei eis am Programm - e Sonndeg den Owend vun 20h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App!