Den Dominic Fike ass bekannt ginn duerch seng Single "3 Nights". Elo ass eng nei Single erauskomm, déi sech "Chicken Tender" nennt.

Et ass ee klengen Avant-Gout op dem Dominic Fike säin Debut-Album, dee méi spéit dëst Joer erauskomme soll. Eigentlech sollt d'Plack schonn e bëssen éischter dobausse sinn, mee aus Solidaritéit mat de "Black Lives Matter"-Protester, huet de Museker decidéiert nach mam Release ze waarden.

Chicken Tenders ass dann déi éischt Single aus dem neien Album. De Rapper aus Florida huet awer net nëmmen eng Single erausbruecht, mee och direkt ee Musek-Video. An dësem begleed een de Fike op engem Tripp duerch säi Kapp nodeems en a sengem Hotelszëmmer wakereg ginn ass. D'Regie vum Video gouf vum Jack Begert assuréiert, deen och schonn ënnert anerem fir Doja Cat ee Video gemaach huet.