Am Kader vun engem weltwäiten Online-Concert fir Corona-Spenden hu sech Musekstars géint Rassismus a Policegewalt ausgeschwat.

E Samschdeg gouf et eng grouss Spendenaktioun vun der EU, fir Spenden fir e Corona-Impfstoff ze sammelen. De Concert war online a gouf weltwäit iwwerdroen.

An dësem Kader huet de Museker Usher iwwer Diskriminéierung an Ongläichheet gesongen. D'Schauspillerin Kerry Washington huet an engem Video-Message dovunner geschwat, datt Rassismus scho laang am System verankert wier. Dat hätt vill Liewe kascht. Dofir sollt elo jidderee fir eng besser Zukunft kämpfen.

Och Stare wéi Coldplay oder den Justin Bieber ware beim Online-Concert dobäi.