Well den US-President hiert Lidd bei engem Walkampf-Optrëtt benotzt huet, wëllen d’Rolling Stones hien elo verkloen.

Déi brittesch Rockband Rolling Stones huet menacéiert den US-President Donald Trump ze verkloe well dësen hire Song “You Can’t Always Get What You Want” bei Evenementer vu senger Walcampagne benotzt huet. 2016 hat d’Band sech scho géint Notzung vun hire Lidder wärend dem Trump sengem Walkampf gewiert.

Och d’Famill vum verstuerwene Kënschtler Tom Petty huet sech iwwer d’Verwendung vun engem vu senge Songs beschwéiert.