Deen neie Film "Black is King" soll den 31. Juli op der Streaming-Plattform Disney+ erauskommen.

D'lescht Joer ass d'Live-Animation Versioun vum "König der Löwen" erauskomm. D'Beyoncé hat an der neier Versioun der Léiwin Nala seng Stëmm geléint. An d'Queen B schéngt nach net ganz fäerdeg ze si mat Hollywood. Wéi Disney an d'Sängerin annoncéiert hunn, kënnt den 31. Juli de visuellen Album "Black is King" eraus. De Film baséiert sech och op der Musik vu "The Lion King: The Gift" mat Kënschtler wéi Childish Gambino, Kendrick Lamar, Pharrell an natierlech och dem Jay-Z an dem Beyoncé selwer.

Am Film soll d'Geschicht vun engem jonke Kinnek erzielt ginn, dee vu senge Virfahre gehollef kritt seng rechtméisseg Plaz ze fannen. Gehollef kritt en do ënnert anerem vu sengem Papp, a vu senger Jugendléift.