D'Sängerin Sia kennt een eigentlech nëmme mat senger laanger Paréck déi säi Gesiicht verstoppt. Domat soll awer elo fir eng Zäitche Schluss sinn...

De Grond fir des "Verwandlung" ass dem Sia säin neie Beruff: Regisseurin. Déi éischter schei Sängerin huet sech op neien Terrain gewot. Säi Film "Music" soll den 22. August erauskommen. An dësem Film geet et em eng autistesch Teenagerin, dat vum Maddie Ziegler gespillt gëtt, déi vu senger grousser Schwëster versuergt gëtt. D'Schwester gëtt vum Kate Hudson gespillt. Music ass dann och ee Musical-Film.

Well d'Sia dann elo och Interviews gi muss fir iwwert de Film ze schwätzen, deet d'Sängerin seng laang Paréck aus. Fir d'Sia wier et nämlech schwiereg an och net ganz logesch, dass hatt iwwert säi Film schwätzt an ee seng Ae guer net gesäit an engem Interview. Besonnesch, well et am Film och vill em Emotioune geet.