D'Award-Shows lafen dëst Joer relativ onspektakulär of. Esou och d'Juno Awards. Och ganz ouni spektakulär Räck a Shows konnten d'Präisser verdeelt ginn.

D'Juno Awards sinn e bëssen déi kanadesch Grammy Awards. Dëst Joer huet een sech awer net zesummen op enger Plaz de Rendez-Vous ginn, natierlech wéinst dem Coronavirus. Präisser huet et trotzdem gereent fir verschidde Leit.

Eemol huet d'Alessia Cara esou richteg ofgeraumt. Eigentlech sollt déi 23-Joer al Sängerin d'Moderatioun vum gréisste kanadesche Musekspräis iwwerhuelen. Ma dofir sinn et awer direkt dräi Präisser fir d'Alessia Cara ginn. Fir säin Album "The Pains Of Growing" huet et eemol d'Kategorien Album vum Joer a Pop-Album gewonnen. An da gouf et och nach direkt de Präis fir "Songwriter of the Year".

An de Shawn Mendes huet mat senger Single "Señorita" de Rekord gebrach. Fir säin Duett mat senger Frëndin, dem Camila Cabello, krut de Shawn direkt déi drëtte Kéier hannerteneen de Präis fir "Single of the Year". Domat ass hien deen éischte Kënschtler, deen dat fäerdeg bruecht huet. Den "Artist Of The Year" konnt de Sänger dann och nach mat heem huelen, a mécht dem Weeknd domat Konkurrenz. Allebéid hunn de Präis zwee Joer hannerteneen iwwerreecht krut.

Aner Gewënner vum Owend sinn d'Avril Lavigne fir de "Fan Choice Award", de Bryan Adams, oder och nach d'Billie Eilish.