Wéini deen neien a mëttlerweil schonn 10. Album dobaussen ass, ass nach net ganz kloer. Mee d'Fans kënne sech awer elo scho freeën.

De Kanye schéngt grad ze platze vu Kreativitéit. Nodeems en eréischt am Oktober 2019 een neien Album mam Numm "JESUS IS KING" erausbruecht huet, steet elo schonn een neit Wierk an de Startlächer. Wéini d'Plack "GOD'S COUNTRY" eraus kënnt, huet de Ye awer nach net verroden.

Nieft engem neien Album huet de Rapper aus Chicago awer nach eppes geteased: eng nei Single soll den 30. Juni um 16h00 eiser Zäit erauskommen. D'Lidd heescht "Wash Us In The Blood", a soll mat passendem Video equipéiert sinn. De Musekvideo gouf vum Arthur Jafa gemaach, dee schonn an der Vergaangenheet mam Kanye zesummegeschafft huet, mee och mam Jay-Z, dem Solange Knowles an aneren. Den Jafa setzt sech a senge Videoen a Konschtwierker dacks mat Rassismus an der Ënnerdréckung vun den Afro-Amerikaner an den USA auserneen.