Et wier deen éischten Event deen zanter dem Ausbroch vun der Coronapandemie am Barclays Center zu New York wäert stattfannen.

Et war bis viru kuerzem nach net gewosst ob VMA’s iwwerhaapt kënne stattfannen dëst Joer. Gëschter koum dunn awer d’ Noriicht, déi vill Läit wäert freeën. De Gouverneur vun New York Andrew Cuomo huet MTV de Go fir d’Editioun 2020 ginn. D’VMA’s wäerten den 30. August allerdéngs mat limitéiertem oder esouguer guer kengem Publikum oflafen. Geplangt sinn ënnert anerem Live-Optrëtter aus de 5 verschiddene Bezierker vun New York. Dat virun allem fir de Geescht an d’Resilienz vun der Staat ervirzehiewen.