E Samschdeg gouf de Bassist vun der Band Maroon 5 festgeholl. De Grond wier haislech Gewalt. Am September steet e viru Geriicht.

Eigentlech huet déi amerikanesch Band Maroon 5 jo net onbedéngt ee "Bad Boy Image". Wéi d'Los Angeles Police Department matgedeelt huet, gouf ee Member vun der Band, de Michael Madden, de 27. Juni festgeholl. Dat wéinst engem Fall vun haislecher Gewalt vis à vis vun engem Partner oder Matbewunner. Et gouf och vun engem "traumateschen Impakt" vis à vis vum Affer festgehalen. Wien d'Affer ass, ass awer net gewosst, vue dass de Madden net bestuet ass.

De Michael Madden gouf géint eng Kautioun vu 50'000 Dollar nees fräigelooss. Ee Représentant vu Maroon 5 sot et wier ee schockéiert iwwert des Nouvelle, an et géif een dëse Virfall och eescht huelen. Den 29. September muss de Bassist sech da viru Geriicht veräntwerten.