D'Live-Stream Plattform "Twitch" ass net méi nëmme bei Gamer beléift. De Linkin-Park-Museker Mike Shinoda notzt d'Plattform elo fir een anere Projet.

Op Twitch gëtt vill gezockt. Fir d'Fans ass et eng Méiglechkeet net nëmmen nozekucke wéi hir Gamer esou spillen, mee och eng Chance sech direkt auszetauschen.

De Mike Shinoda huet dann elo een neien Album produzéiert. Dësen heescht "DROPPED FRAMES, VOL. 1" a soll schonn den 10. Juli eraus kommen. De Sänger a Rapper vu Linkin Park huet säin Album awer net mat Produzenten oder anere Museker op d'Been gestallt. De Shinoda huet sech vu senger Community op Twitch hëllefe gelooss. Bei Livestreams huet de Museker nei Wierker presentéiert, an duerch d'Virschléi a Reaktioune vu senge Fans déi verschidde Songs weiderentwéckelt. Wéi de Mike Shinoda selwer sot, hätt em des Approch immens gehollef. Hien hätt besonnesch am Ufank beim Schreiwen vu senge Lidder Schwieregkeeten eng Richtung festzeleeën. Beim Lidd "Open Door" krut en esou zum Beispill direkt 7 Virschléi vu senge Fans am Lidd integréiert.