Ze gesi gëtt et d'Doku op Youtube. Et ass déi éischte Kéier, dass d'Demi Lovato iwwert seng Iwwerdosis esou wäert schwätzen.

Offiziell gouf et zwar nach net confirméiert, mee der britescher Sun no, wier ee sech tëscht YouTube an der Sängerin och schonn eenz ginn. Et soll dann eng Dokumentatioun ginn, déi aus ganzer véier Deeler besteet. An do wäert d'Demi dann iwwert säi Réckfall schwätzen, deen zu der Iwwerdosis am Joer 2018 gefouert huet, un dem déi jonk Sängerin bal gestuerwe wier.

Wéi een Insider verroden huet, hätt dëse Virfall déif Spueren hannerlooss beim Demi. Laang wier et sech och net sécher gewiescht ob a wéi et iwwert seng Iwwerdosis schwätze soll. Bei der Video-Plattform hätt d'Sängerin awer genee dat proposéiert kritt, wat et sech gewënscht hätt: seng Geschicht kënnen ze zielen, an och bei der Produktioun vun der Dokumentatioun esou involvéiert ze sinn, dass seng Aussoen net falsch eriwwer bruecht ginn.

Eng Confirmatioun dozou wäert een awer net direkt vum Demi Lovato erwaarde kënnen. D'"I Love Me" Sängerin huet nämlech op Instagram matgedeelt, dass säi Bop gestuerwen ass. Duerch d'Pandemie dierfe keng gréisser Begriefnisser ofgehale ginn. Dofir wäert et fir d'Demi och net méiglech sinn, sengem Bop nach eng leschte Kéier esou Eddi ze soen.