D'Walbedeelegung an den USA ass een Thema dat schonn zanter Joren dozou féiert, dass ëmmer nees Stars hir Fans encouragéieren sech ze registréieren.

Hei zu Lëtzebuerg gëllt jo d'Walflicht. Jiddereen deen 18 Joer al ass, ass och op de Lëschten ageschriwwe fir wielen ze goen. An den USA leeft dat awer e bëssen anescht aus. Do muss ee sech als alleréischt iwwerhaapt emol umelle fir dierfe seng Stëmm ofzeginn.

Am November steet an den USA eng Wal un, déi och een Impakt op eis huet, nämlech déi vum President. Fir d'Leit dozou z'encouragéieren sech och unzemellen, huet d'Camila Cabello sech mat der Asbl "HeadCount" zesumme gedoen. Bis den Oktober gewënnt elo dann all Mount ee Fan vum Camila Cabello een Telefonsgespréich iwwer Video mat der Sängerin. Fir d'Chance ze hunn, mussen d'Leit just op HeadCount.org/Camila goen, an do kucken op se effektiv fir d'Walen ugemellt sinn. Wann et net de Fall ass, gi se automatesch op d'Internetsäit vun hirem Bundesstaat guidéiert, fir sech dann unzemellen.

D'Camila erkläert d'Motivatioun fir des Aktioun domat, dass et seng Plattform notze wëll fir wierklech eppes ze veränneren, an huet sech dowéinst mat der Asbl HeadCount zesummegedoen.

D'Asbl HeadCount ass schonn zanter 16 Joer amgaangen Wieler ze rekrutéieren. Eigentlech maachen se dat awer op Concerten a Festivalen. Duerch de Covid-19 ass dat awer dëst Joer näischt ginn, an et huet een den digitale Wee misse goen. Et rechent een domat, dass een esou 200'000 Persounen dozou kritt fir wielen ze goen.