D'Single "Stand Up" kënnt 2. Juli eraus. Nieft dem Frontmann vun den Imagine Dragons ass och nach d'Transgender a BLM Aktivistin Shae Diamond dobäi.

Dass Rocker och ee grousst Häerz hunn, beweist de Gitarrist Tom Morello vu Rage Against The Machine. De Museker huet sech elo mam Frontsänger vun Imagine Dragons, dem Dan Reynolds an der Transgender a BLM Aktivistin Shae Diamond zesummegedoen. D'Single déi nach den 2. Juli soll erauskommen, heescht "Stand Up" a riicht sech un d'"Black Lives Matter"-Protester. Geteased huet den Dan Morello d'Single op Instagram mat enger Foto vun enger Aktivistin, déi um Dag vun engem Auto steet. Nëmmen ee kuerzen awer intensiven Ausschnëtt ass bis elo ze héieren. An esou wéi dëse kléngt, wäerten all d'Fans vun haarde Gittar-Sounds op hir Käschte kommen.

Dem Morello ass de Black Lives Matter Mouvement immens wichteg. An deene leschte Wochen huet en ëmmer nees seng Plattform op de soziale Medie genotzt fir op d'Rasse-Problematik an den USA opmierksam ze maachen. Dat awer net ouni Widderstand: ëmmer nees gouf e beschëllegt, dass e guer keng Ahnung hätt vu wat en do géif schwätzen, an e just ee weideren erfollegräiche Museker wier, deen op eemol zum Politik-Expert mutéiert wier. Dorop konnt den 56-Joer ale Gittarist awer gutt konteren. Hien huet nämlech vun der renomméierter Harvard Universitéit ee Bachelor an der "Science Politique". Dofir wier hie scho wuel amstand politesch Aussoen ze maachen. An ausserdeem, wier jiddereen mat engem gesonde Mënscheverstand capabel ze gesinn, wat do schif leeft.