Déi 3 Gruppe wëllen nees zesummen zu Berlin optrieden. Wéini a wou weess en zwar nach net. Mee Tickete ginn et keng méi.

Net nëmme mir si motivéiert fir endlech nees Live-Musek ze genéissen. Och fir d'Museker ass et eng ongewinnten Zäit sou ganz ouni Concerten.

Dofir hu sech Kraftclub, K.I.Z an och de Casper zesummegedoen, an hire Fans annoncéiert, dass se nees zesummen ee Concert spille wäerten. De Concert soll ënnert dem Titel "Wiedervereinigung 2" lafen an zu Berlin oflafen.

Vill méi ass awer nach net gewosst. Wéini oder och wou genee déi däitsch Museker wäerte Stëmmung maache kënnen se nach net verroden. Et wëll een nämlech waarde bis d'Concerten nees ganz normal däerfen ofgehale ginn. Ma Tickete goufen et awer direkt ze kafen. A se ware sou séier fort wéi se ukomm waren. An Zäit vu Minutte war de Concert komplett Ausverkaf.