De Rapper huet déi traureg Nouvelle iwwer Instagram matgedeelt.

Eigentlech sollt den 30 Joer ale Museker haut den Anniversaire vu sengem Album "Hotel Diablo" feieren. Elo huet de Colson Baker, wéi de Rapper eigentlech heescht, awer eng vill méi traureg Nouvelle mat senge Fans missen deelen.

An engem Post op Instagram huet de Colson matgedeelt, dass säi Papp "säi leschten Otemzuch geholl huet". De gebiertegen Texaner huet och gesot, dass en nach ni "esou eng staark Péng gespuert hätt". Virun allem wäert de Museker awer elo mol eng Auszäit huele vun de soziale Medien.
Wat genee d'Doudesursaach vum Machine Gun Kelly sengem Papp ass, gouf net matgedeelt.