© Lillian SUWANRUMPHA / AFP
Am eelste queere Club vun Däitschland dem "SchwuZ" gëtt dëse Weekend déck Party gemaach zesumme mat der neier Plack vum Lady Gaga.
D'Lady Gaga ass berüümt a berüchtegt dofir eng grouss Ënnerstëtzerin vun der LGBTQ Gemeinschaft ze sinn. Wéineg verwonnerlech vue, dass dem Lady Gaga seng Liewensphilosophie drop baséiert, dass jiddereen esou soll sinn a liewe wéi e sech gutt fënnt. A besonnesch fir Chromatica gëlt nees de Motto: Jiddereen ass wëllkomm! Wéi d'Gaga selwer sot, ass Chromatica eng eege Welt fir sech, wou kee jugéiert gëtt, a keen ze vill oder ze wéineg ass.
Infoen iwwert d'Pride zu Lëtzebuerg fannt der hei!
Fir d'Pride Week ze feieren, huet den eelsten däitsche queere Club "SchwuZ" sech dofir entscheed eng Chromatica-Streaming Party z'organiséieren. An dat och zesumme mam Musek-Label Universal. Ee ganzen Owend laang gëtt de Club a "Chromatica" verluecht, mat Dragqueens a passende Chromatica-Outfits, DJen, Gewënnspiller an natierlech vill Musek vum Lady Gaga. Et ass iwwregens net fir d'éischt, dass esou eng Show organiséiert gouf. Eréischt de 4. Juli gouf zu Bangkok eng Drag-Show zum Thema Chromatica ofgehalen, dat zesumme mat Universal Music Thailand.
Op spektakulär Kostümer dierf ee sech wuel och bei der Party am "SchwuZ" freeën / © Lillian SUWANRUMPHA / AFP
Eenzegen Nodeel: fir kënne live dobäi ze sinn, muss een an Däitschland wunnen.