Wann d'Sängerin sech kéint eng Roll am Marvel Universum aussichen, da wéisst se scho ganz genee wien dat wier...

Net nëmme mer, ma och vill Museker dreemen dovun eemol an enger ganz bestëmmter Roll virun der Kamera ze stoen. An déi amerikanesch Sängerin a Schauspillerin Janelle Monáe huet och ee Personnage, deen et nawell gären eemol géif verkierperen.

Allgemeng sinn d'Mutanten vum Charles Xavier nawell zimlech interessant ze spille mat hire verschiddene Fäegkeeten. An fir d'Janelle Monáe ass d'Storm déi Mutantin, déi et onbedéngt eemol virun der Kamera wéilt verkierperen. D'Inspiratioun vum Monáe kënnt awer net elo duerch d'Storm selwer, mee duerch déi Fraen déi d'Mutantin an de Jore virdru gespillt hunn. Besonnesch bekannt war jo do d'Halle Berry. Hatt hat d'Roll vum Storm fir dräi verschidden X-Men Filmer iwwerholl.