Wien schonn ëmmer eng Kéier dovu gedreemt huet mam Harry Styles senger Stemm anzeschlofen, dee kennt elo op seng Käschten.

D'Meditatioun-App „Calm“ huet sech nämlech mam Harry Styles zesumme gedoe fir eng Serie vu sougenannten „Sleep Stories“ ze produzéieren. Dëst sinn Geschichten, déi dofir geduecht sinn, den Leit et méi einfach ze maache fir anzeschlofen an z'entspanen. Dës Erzielunge ginn dann och ëmmer nees vu méi bekannte Leit ageschwaat, wéi ënnert anerem dem LeBron James, dem Matthew McConaughey oder dem Stephen Fry. An dës Lëscht reit sech dann elo och den Harry Styles an.

An engem Tweet huet d'App d'Leit gefrot wien dann dovu géif dreeme mam Harry senger Stemm anzeschlofen. D'Reaktiounen op dësen Tweet ware sou positiv, dass ee sech och séier mam Harry Styles zesumme gedoen huet.

Ab haut dierfen seng Fans sech da freeën. Seng „Sleep Stories“ sinn elo ënnert dem Numm „Dream with Me“ op der App disponibel. Dat huet allerdéngs en eenzegen Nodeel: se ass just fir Premium-Benotzer vun der App accessibel. Een Abonnement kascht hei awer bis zu 50€. Op Twitter hu sech seng Fans dowéinst schonn zesumme gedoe fir eng Méiglechkeet ze fannen dem Harry senger Stemm och ouni grouss Käschten nozelauschteren.

Den Harry ass net deen eenzegen Sänger deen sech op een neien Terrain gewot huet. Fir erauszefannen wien iech ausser dem Harry nach een déiwe Schlof bréngt, klickt hei: