De Kanye war nees gespréicheg an engem Interview mat der Zeitung "Forbes". En huet iwwert Coronavirus, seng Kandidatur an Impfunge geschwat...

Aus dem Interview ass een deels sécher méi schlau ginn.

Esou huet de Kanye am Interview nach eemol iwwert seng Kandidatur fir d'US-Walen dëst Joer am Oktober geschwat. Wéi de Ye betount huet, ass et em eescht mat dësem Projet an e wäert och sécher untrieden. Dat obwuel e schonn den Délai fir iwwerhaapt kënne gewielt ze ginn, direkt an e puer Bundesstaate verpasst huet. En huet do och nach eemol betount, dass hien net verréckt wier, och wa vill Leit dat behaapt hätte wéi en an d'Spidol gaangen ass. Interessanterweis huet de Kanye de 6. Juli och de Saz "West Day Ever" als Markenzeechen androe gelooss.

Ma donieft huet de Kanye och iwwert de Coronavirus geschwat. Esou huet de Rapper behaapt, dass hien de Covid-19 och kritt hätt. Seng Erfahrung huet en esou beschriwwen, dass en nieft Schüttlefrost an Zidder-Attacken virun allem och Videoe gekuckt hätt, an deenen e gewuer gi wier, wéi een d'Erkrankung iwwersteet.

An do ass een och op een Impfstoff géint de Covid-19 ze schwätze komm. Do huet de Kanye eng ganz däitlech Positioun. Him no wier d'Impfung eng "Markéierung vum Biest". Deemno wéilt een mat den Impfunge just erreeche fir de Leit "Chips anzesetzen, an se esou drun ze hënneren ni duerch d'Himmelspaart kënnen ze goen".