Uganks der Woch huet d'Band matgedeelt, dass hire Leadsänger, den Tom Meighan d'Band verlooss huet. Firwat war awer net direkt kloer.

Et war wuel eng éischter negativ Iwwerraschung fir d'Fans vun der britescher Band. E Méindeg, de 6. Juli huet d'Band iwwert Twitter matgedeelt, dass den Tom Meighan, eigentlech Leadsänger vun der Band, an Zukunft net bei dobäi ass.

Dësen huet doropshi just matgedeelt, dass et him géif gutt goen, an en sech op enger "gudder Plaz" géif befannen. Mee firwat en net méi bei der Band dobäi ass, déi en awer 1997 mat gegrënnt huet, huet en net verroden. Déi britesch News-Chaine BBC ass awer der Saach op d'Spur gaangen, an huet och de Grond fonnt.

Am Abrëll huet de Meighan seng deemoleg Verlobten Vikki Ager kierperlech aggresséiert. Dat Ganzt wier och vun engem Kand gesi ginn, dat doropshin der Police ugeruff hätt. An der Gerichtsverhandlung huet de Sänger dann och op "Schëlleg" plädéiert a gouf zu 18 Méint Bewärungsstrof, 200 Stonnen Gemeinschaftsaarbecht, an enger klenger Geldstrof veruerteelt.

Kasabian huet an engem Statement vum 8. Juli matgedeelt, dass een mat der Noriicht vun der Entloossung huet misse waarde, bis den Meighan offiziell veruerteelt war. Fir d'Bandmemberen wier et nämlech absolut net a Fro komm, weider mat him ze schaffen. Si wéilten op kee Fall säi Behuelen a seng Aktiounen entschëllegen, oder an iergendenger Form d'Impressioun ginn, dass haislech Gewalt acceptabel wier.