De brittesche Sänger huet endlech nees nei Musek ustoen. Eng nei Single kënnt zum Beispill haut eraus!

Dem James Bay säi leschten Album ass 2018 eraus komm. Dat ass Zäit genuch fir all seng Fans, dass se prett si fir een neie Longplayer.

An engem Interview mat NME, huet de Sänger iwwert säin neien Album geschwat. Do huet en zum Beispill verroden, dass d'Lidder op dem neien Album e bësse manner melancholesch wäerte sinn, wéi een et jo soss eigentlech vum James Bay gewinnt ass.

Seng Melancholie hätt en des Kéier nämlech net inspiréiert. Dofir awer seng Frëndin, dat scho jorelaang u senger Säit steet. Dem James wier bewosst ginn, dass en een immensen Drang hätt doriwwer ze schreiwen an ze sangen, wéi gutt et him geet. Eng éischter ontypesch Decisioun. Den James Bay ass nämlech éischter drop beduecht, säi Privatliewen net ze vill ëffentlech ze maachen.

Esou soll och déi nei Single, déi den 9. Juli um 16h00 eraus kënnt ee richteg positive Vibe hunn. "Chew On My Heart" soll dann och een Avant-Gout op den Album vum James Bay sinn. Wéini de Longplayer dobausse wäert sinn, ass awer nach net gewosst.