"Ech sinn a meng Kandheet gereest an hunn dem klengen ängschtleche Meedchen a mir eng grouss Stëmm ginn".

D'Mariah Carey gehéiert zu den erfollegräichste Popstare vun der Welt a suergt mat gewoten Outfits oder gewëssen Allüren ëmmer mol nees fir Opmierksamkeet. Elo huet d'Sängerin op Instagram awer och mol méi eescht Téin ugeschloen an en emotionale Post gedeelt. Doran gouf annoncéiert, dass d'Autobiografie endlech fäerdeg geschriwwe gouf. "Et huet laang gedauert bis ech de Courage hat meng Geschicht ze schreiwen. Ech wëll se erziele mat all hiren Héichten an Déiften, all den Triumphen an och Traumae genee esou wéi Schwieregkeeten an Dreem, déi mech zu där Persoun gemaach hunn, déi ech haut sinn", esou d'Mariah Carey. Kuerz Interviewen oder Artikele wären der Sängerin net duergaange fir hiert Liewen ze definéieren, dofir géif d'Musekerin et elo einfach selwer an d'Hand huelen.

D'Buch dréint sech also ëm d'Liewe vun der Diva, hir Vergaangenheet, de Wee zum Erfolleg an hiert glamouréist Liewen elo. Eegenen Aussoen no wéilt d'Sängerin dem klengen ängschtleche Meedchen eng Stëmm ginn an och de motivéierten Teenie soll zu Wuert kommen, genee esou wéi déi Fra, déi bedru gouf an och déi, déi triumphéiert huet.

D'Instagram-Fans kruten dann nach de Message mat op de Wee, dass et der Pop-Ikon net einfach gefall ass d'Biografie ze schreiwen an, dass si hofft, dass Leit doduerch en neit Versteesdemech géife kréien - net just fir d'Sängerin selwer, och iwwert d'Kraaft vum mënschleche Geescht.