Awer net duerch een einfache Post, mee duerch eng Aktioun bei där seng Fans matgehollef hunn.

Laang war gewosst, dass een neien Album vum Katy Perry an den Startlächer géif stoen. Lo ginn et dann endlech méi konkret Informatiounen dozou. Den Titel vum Album ass „Smile“ an et wäert den 14. August eraus kommen. D'Leadsingle „Daisies“ ass jo schonn eng Zäitchen dobaussen.

Fir den Albumcover ze verëffentlechen huet sech d'Katy Perry dann och eppes méi Spezielles fir seng Fans, d'KatyCats, iwwerluecht. Op Twitter an Instagram goufen d'Fans dozou opgeruff dem Katy ze „hëllefen“ d'Albumcover opzedecken. Duerch een klenge Contest hunn déi nämlech missten d'Ballonen „fort klicken“, déi den offiziellen Albumcover verstoppt hunn. Andeems een op des Ballone geklickt huet, gouf een dozou opgefuerdert een Tweet ze posten. Doduerch dass ëmmer méi Tweets dobäi komm sinn, krut een ëmmer méi vum Cover ze gesinn. Dem Katy seng Fans ware ganz fläisseg an hunn den offizielle Cover och séier opgedeckt.