Opgepasst, mer hunn et mat engem potenziellen Ouerewuerm ze dinn!

Dem Blackbear säi mëttlerweil scho 7. Album steet an de Startlächer. Den 21. August soll déi nei Plack erauskommen, déi "everything means nothing" heescht. D'Texter stame vum Blackbear selwer, a produzéiert gouf d'LP vum Blackbear an dem Andrew Goldstein. Donieft ass och scho mol gewosst, dass 12 Songs um Album wäerten drop sinn. Esou och säin Hit "Hot Girl Bummer".

Eng weider Auskopplung aus dësem Album war d'Single "Me & Ur Ghost", déi och gutt ukomm ass. Elo huet den US-Rapper nach eemol nogeluecht. An zwar mam Titel "Queen Of Broken Hearts". Nieft engem poppege Sound, mat vill Ouerewuerm-Potenzial, huet d'Lidd awer och ee Message.

Esou soll d'Lidd eemol d'Sozial Medien als "de Béisen" identifizéieren. Mee wéi de Blackbear erkläert huet, géif en an dësem Song och sech selwer analyséieren. Well hien, wéi mir och gläichzäiteg déi Bestätegung vun de Soziale Medie brauch. A bei "Queen of broken hearts" thematiséiert de Museker seng schlecht Gewunnechten a Macken, déi un d'Luucht kommen wann en eng Bezéiung wëll opbauen.