Bei "The Osbournes Want To Believe" geet et ëm Geeschter, Aliens, Bigfoot a nach méi. De Grond fir dës nei Show ass iwwregens den Jack Osbourne.

Et ass schonn eng Zäitchen hir, dass mer een Abléck an d'Liewen vun den Osbournes kruten. Vun 2002 bis 2004 konnt ee bei der Doku-Soap "The Osbournes" der Famill vum Rocker nokucken bei hirem Alldag.

Elo no gutt 16 Joer ass et dann un enger neier Serie, mat engem neien Thema: Iwwernatierlech Ereegnesser. Déi dreiwend Kraaft do derhannert soll dann och net de Black-Sabbath Sänger sinn, mee säi Jong, den Jack Osbourne. Dësen interesséiert sech schonn eng länger Zäit fir alles wat net einfach esou z'erklären ass. D'Zil vun der Sendung "The Osbournes Want To Believe" ass et d'Sharon an den Ozzy dozou ze kréien och dorun ze gleewen, dass net ëmmer alles ganz normal hei op eisem klenge Planéit leeft.

Dofir soll den Jack och eng ganz Partie Videoe parat hunn, déi "definitiv Beweiser" wieren, an esou eendeiteg wieren, dass wuel och den Ozzy an d'Sharon ufänke missten ze "gleewen". Dofir wären och eegen iwwernatierlech Erfarunge vum Jack dobäi.

Ob de "Prince of Darkness" ka convertéiert ginn, ass natierlech nach net gewosst. Just mat vill Gefluchs dierf ee scho ganz sécher rechnen.
Diffuséiert gëtt d'Serie vum 2. August un um "Travel Channel".