© Britta Pedersen / pool / AFP
Bei engem Autoconcert zu Stuttgart huet d'Nena der Moderatorin einfach emol de Mikro ofgeholl. Déi war grad amgaangen all den Organisateure Merci ze soen.
D'Eventbranche gehéiert zu deene Beräicher, déi besonnesch haart vun der Pandemie getraff goufen. Bei engem Autoconcert vum Nena zu Stuttgart, huet d'Moderatorin dofir virum Concert e puer Wieder dozou gesot. Op engem Video vum Concert, héiert een, wéi d'Moderatorin grad usetzt, fir deene Leit Merci ze soen, déi elo an der Pandemie op villes misste verzichten, an awer direkt do sinn, wann et drëms geet esou ee Concert op d'Been ze stellen.
Ma dem Nena huet déi Moderatioun awer guer net gepasst. Amplaz d'Moderatorin ausschwätzen ze loossen, ass déi 60 Joer al Sängerin op d'Bün komm, an huet der Moderatorin einfach de Mikro ofgeholl a gesot: "Ich übernehme jetzt". Déi ganz Aktioun gouf gefilmt an op Facebook gesat. An d'Reaktiounen hunn och net op sech waarde gelooss.
Ganz vill Leit hu gemengt, dass et jo schonn eng länger Zäit bekannt wier, wat fir Allüren d'Sängerin vun 99 Luftballons géif un den Dag leeën. Awer och, dass eigentlech keen d'Sängerin nach bräicht.
Verschidde Leit hunn awer probéiert d'Sängerin a Schutz ze huelen.
© Facebook / Andy Dangel - Radiomoderator
De Radiomoderator huet awer direkt kloergestallt, dass d'Moderatioun esou accordéiert war, an och net ze laang gewiescht wier. Dohier wier dem Nena säi Behuelen einfach just deplacéiert gewiescht.