Den 23. Juli feiert d'Boy-Group op den Dag genee 10 Joer!

Och wann déi 5 Museker zanter Januar 2016 eng Paus aleeën, hu One Direction sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss fir hiren 10. Gebuertsdag ze feieren. Den 23. Juli geet deemno eng Websäit online, op där een déi al bekannte Lidder a Videoen ze gesi kritt. Donieft kënnen d'Fans sech op e fonkelneie Jubiläumsvideo freeën, deen d'Héichpunkte vun der Band-Karriär dokumentéiert - vun hirer Grënnung am Kader vun der Casting-Show "The X Factor" bis hin zu hirer leschter gemeinsamer Single "History".