Déi nei Sportaart vum Donald Trump, schéngt "Geriichtsaffären sammelen" ze sinn. An dëser Editioun: Linkin Park!

Ee gudden Iesel stéisst sech nëmmen eng Kéier? Dat Spréchwuert muss den Donald Trump wuel nach ni héieren hunn. Well hie muss dat Gefill anscheinend wierklech gären hunn, wann alt mol nees ee "Cease and Desist"- Bréif kënnt.

An de leschte Méint, krut den Trump et jo scho mat der Famill vum verstuerwenen Tom Petty ze dinn, de Rolling Stones, de Village People, dem Pharrell Williams, da mat Panic! At The Disco, an elo da mat Linkin Park.

Des Kéier huet en sech awer extra blöd ugeluecht. Bei Panic! At The Disco huet en alt d'Musek "just" op enger Walveranstaltung spille gelooss. Ma des Kéier huet en einfach emol ee Video op Twitter gesat, wou am Hannergrond d'Lidd "In the End" vu Linkin Park gelaf ass. "In the End" ass am Joer 2000 eraus komm, a war um Debut-Album vun der Band "Hybrid Theory".

Ma d'Band war awer guer net frou iwwert des Aktioun vum POTUS. Séier gouf Twitter kontaktéiert, wéinst dem verletzte Copyright. Donieft huet d'Band selwer getwittert a kloergestallt, dass Si den Trump op kee Fall ënnerstëtzen, a kenger Hinsicht. A besonnesch hire verstuerwene Sänger, den Chester Bennington, war immens offensichtlech Anti-Trump, an huet dat och ëmmer nees gesot. Eng Aktioun mat der den Trump sech sécher just weider onbeléift gemaach huet bei Linkin Park an hire Fans. Villäicht nach méi, well den 20. Juli den 3. Doudesdag ass vum Chester Bennington.