An engem rezenten Interview huet déi brittesch Sängerin gesot, dass hatt ze laang gewaart hätt iwwert seng eegenen negativ Erfarungen ze schwätzen.

Am Gespréich mam "The Independent" huet d'Sängerin natierlech iwwert säin neien Album "Brightest Blue" geschwat, mee net nëmmen. D'Ellie Goulding huet och doriwwer geschwat, wat fir negativ Erfarungen et an der Musekszeen gemaach huet.

Besonnesch deet em leed, dass et am Ufank nach gesot huet, dass déi ganz #MeToo Debatt hatt guer näischt géif ugoen. Dat hätt nämlech net gestëmmt. Direkt am Ufank vu senger Karriär, huet d'Ellie nämlech finanziell Schwieregkeete gehat: fir de Prêt vun der Uni ze bezuelen, huet et nach niewelaanscht geschafft an och seng Musekskarriär no fir gedriwwen. Well et sech finanziell net esou gutt stoung, huet et do dann alt Proposen ugeholl, bei Männer z'iwwernuechten. Wéi déi 34 Joer al Sängerin seet, hätt hatt am Ufank gemengt, hatt wier hinnen eppes "schëlleg", well si him jo gehollef hu mat der Musek. Eréischt vill méi spéit huet et realiséiert, dass et déi Situatiounen ze vill banaliséiert hätt. Donieft hätt et sech ze laang net domat ausernee gesat.

D'Ellie Goulding huet awer och gesot, dass et gäre mat anere weibleche Musekerinne wéilt doriwwer schwätzen, mee et der einfach net wierklech vill kennt, oder ee gudden Drot zu hinnen hätt. Och fir ze wëssen, wat hir Erfarunge waren, mee och fir ze verstoen wéi si domat ëmgaange sinn. An: wat hatt misst maachen, fir als Musekerin wierklech eescht geholl ze ginn.