D'Joer 2020 huet eis méi wéi eemol iwwerrascht. Dat dierft wuel och de Fall sinn wann een dësen éischter onerwaarte Comeback kuckt: d'Musek-Kassette!

Kënnt dir Iech nach drun erënnere wéini der fir d'läscht eng Kassette kaf hutt? Also fir Musek domat ze lauschteren? Et dierft scho laang hir sinn. Villäicht hat esou een och nach ni am Grapp. Nodeems d'CD eis al Kassette ofgeléist huet an den 80er Joren, ass et éischter roueg ginn ëm se.

Ma dëst Joer sinn d'Kassetten nees richteg beléift ginn. Am Verglach zum Joer virdrun, sinn d'Vente bei de Kassetten ëm ganzer 103% geklommen. An der éischter Hallschent vun dësem Joer goufe 65'000 Kassette verkaf. An d'Chancen sti gutt, dass se och nach d'Zuel vun den 100'000 wäerte knacken. Dat wier déi éischte Kéier zanter 2003, dass nees esou vill Musek-Kassette verkaf goufen.

A wat gouf sech als Kassette kaf? Ma ganz uewe steet do den Album "Calm" vu 5 Seconds of Summer. Dee gouf a senger éischter Woch 12'000 mol an dëser Form verkaf. Déi aner Kënschtler déi vill Kassette verkaf hu sinn d'Lady Gaga, d'Band The 1975 , d'Selena Gomez an d'Dua Lipa.