Den Harry ass jo och immens beléift bei senge weiblechen an och männleche Fans.Déi hunn awer gemëschte Gefiller bei sengem neie Look...

Den Harry Styles huet scho laang bewisen, dass hie virun allem engem wëll trei sinn. An dat ass sech selwer. Dofir scheit en och net zeréck mat Neellack, oder méi "weibleche" Kleeder opzetrieden. De fréieren "One Direction" Member lieft sech moudesch gären aus. An elo huet en sech an dem Punkt eng nei Freed gemaach. An des Verännerung huet en schonn 2011 ugekënnegt.

Den Harry wollt elo scho ganz laang eppes ganz Bestëmmtes: ee Schnurres. Awer och net nëmme sou eng Hallef-Portioun. Seng Inspiratioun wier sengem Tweet vun 2011 no keen aneren wéi dee berüümten Italieneschen Video-Held de Mario! Et hätt awer och genee esou gutt den Tom Selleck a senger Roll vum Magnum P.I sinn. Dem Harry säi Schnurres huet nämlech eng ganz präsentabel Gréisst erreecht.

Säin neie Look gouf och e bësselche "geleaked". Den Harry war op Besuch beim Michelin-Kach Massimo Bottura a senger Villa zu Modena. An do huet de Sänger fir een Schnapschoss mat sengem Kaddo poséiert. An och vu sengem ganze Look hir, kéint den Harry entweder aus der Serie "Stranger Things" erausgespronge sinn. Oder fir ee Revival vum Privatdetektiv Magnum engagéiert gi sinn. D'Fans wossten och net direkt wat se dovun hale sollten. D'Reaktiounen sinn dann och éischter gemëscht ausgefall. Mir vum Eldo soen awer: Haaptsaach et gefällt der Harry!