Och wann et scho méi laang gemunkelt gouf, huet d'Rapperin seng Schwangerschaft elo ganz offiziell matgedeelt. An zwar mat Resultater vun engem Fotoshoot:

Et war effektiv een Thema, wouriwwer d'Fans vum Nicky Minaj scho méi laang spekuléiert hunn. Nodeems d'Sängerin sech jo am Oktober lescht Joer bestuet hat, hat d'Nicky och matgedeelt, dass et sech aus der Museksindustrie wéilt zeréck zéien. An zwar fir een "normaalt" Liewen ze féieren an zesumme mat sengem Mann eng Famill ze grënnen.

View this post on Instagram

#Preggers 💛

A post shared by Barbie (@nickiminaj) on

Ganz streng huet d'Rapperin dëse Réckzuch awer net duerchgezunn. Nach virun engem Mount hat d'Sängerin sech relativ knapp bekleet am Video vu senger Kollaboratioun mam Tekashi 6ix9ine gewisen. Mee bei der Mise en Scéne muss ee gutt opgepasst hunn: trotz Bikini huet ee vum Nicky sengem Bauch näischt gesinn.

Elo huet et dann direkt 4 Fotoe op sengem Instagram Account gepost, wou säi Bauch och gutt ze gesinn ass. D'Caption vum éischte Post war dann och einfach: #Preggers begleet vun engem gielen Häerz.

View this post on Instagram

And finally, the Virgin Mary by #DavidLaChapelle 🙏

A post shared by Barbie (@nickiminaj) on

D'Fotoe sinn villäicht e bësse speziell, mee passen bei déi 37-Joer al Rapperin an hiren Image. Esou ass déi lescht aus der Serie eng kreativ Uspillung un d'Jongfra Maria. Wéini et sou wäit ass, ass awer nach net gewosst.