D'Dua Lipa geet den Uschëllegungen, den ethnesche Separatismus ze ënnerstëtzen aus dem Wee an annoncéiert en neit Lidd.

E Sonnden hat Dua Lipa eng Kaart op Instagram gepost wou d'Fans gemengt hunn, et géif d'Emresser vu Groussalbanien duerstellen. Dëst Bild gëtt dacks vun Nationaliste benotzt déi d'Vereenegung vun all den ethneschen Albaner ënnert engem Territoire ënnerstëtzen. Si wëllen de ganze Kosovo souwéi Deeler vu Montenegro, Serbien, Mazedonien a Griicheland opléise fir dës mam albaneschen Territoire ze verbannen. An esou Groussalbanien schafen.

Wouropshin et ee groussen „Shitstorm“ gouf. Dua Lipa huet doropshin en Dënschden bekannt ginn den ethneschen Nationalismus komplett ofzelehnen an huet sech dovunner distanzéiert.Dee selwechten Dag huet et erkläert dass et einfach nëmmen säin Heemechtsland weise wollt an stolz dorobber ass, albanesch Wuerzelen ze hunn.

View this post on Instagram

❤️

A post shared by DUA LIPA (@dualipa) on

An deene leschten Deeg krut Dua Lipa net nëmme groussen „Hate“ of, mee huet och bekannt ginn ee neit Lidd mam Bad Bunny a mam J Balvin an noer Zukunft ze releasen.