De Post Malone bréngt een neien Album eraus an hofft soumat de Geescht vun de Leit ze stäerken an dëse schwieregen Zäite vum Coronavirus.

An engem neien Interview seet de Post Malone dass hien d'Zäit doheem ze si genoss huet a senger Fantasie freie Laf gelooss huet. Et wier eng gutt Zäit, Musek iwwert déi aktuell Situatioun ze maachen. Ausserdeem wier hien amgaangen un engem neien Album ze schaffen. Op dëse kéint een sech freeën. Hien hofft soumat de Geescht vun de Leit ze stäerken. "Et ass eng schwéier Zäit fir Amerika. Et ass eng schwéier Zäit fir déi ganz Welt."

Fir hien huet dësen Album ee besonnesche Stellewäert. Dësen Album ass senger Meenung no nämlech de Beschten den hie jee gemaach huet. Ausserdeem  wëll hien de Leit weisen dass se an dësen Zäite vun Einsamkeet a Suergen net eleng sinn an hofft de Kampfgeescht vun de Leit ze stäerken.