Trotz ville Posts op Social Media huet d'Koppel gutt verstoppt, dass d'Jessica Biel nees schwanger war.

Den Justin Timberlake a seng Fra d'Jessica Biel sollen des Woch fir d'zweete Kéier Eltere gi sinn. Hiren éischte Bouf, dee viru 5 Joer Luucht vun der Welt erbléckt huet dréit den Numm Silas Randall Timberlake.

D'Schwangerschaft mat hirem zweete Kand war awer nach bis virun e puer Deeg komplett onbekannt. Elo iwwert d'Zäit vum Lockdown, hunn déi zwee sech zu Big Sky, Montana opgehalen fir d'Zäit vum Coronavirus gutt ze iwwerstoen.

Wierklech iwwerraschend ass awer, dass keen eppes vun der Schwangerschaft matkritt huet. Well, den Justin Timberlake a seng Fra sinn op hire Social Network Säite eigentlech relativ aktiv a se hunn trotzdeem näischt vun der Schwangerschaft erwäänt. Des News ass dunn eréischt duerch d'"Daily Mail" un d'Luucht komm. Den Numm an d'Geschlecht vum Kand ass awer nach net bekannt. Mir mussen also nach ofwaarde bis d'Koppel méi dozou bekannt gëtt.