One Direction feieren hieren 10. Gebuertsdag als Éischt emol mat engem Comeback op Social Media!

Och wann déi 5 Museker zanter Januar 2016 eng Paus aleeën, hu One Direction sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss fir hiren 10. Gebuertsdag ze feieren. Den 23. Juli geet deemno eng Websäit online, op där een déi al bekannte Lidder a Videoen ze gesi kritt. Donieft kënnen d'Fans sech op e fonkelneie Jubiläumsvideo freeën, deen d'Héichpunkte vun der Band-Karriär dokumentéiert - vun hirer Grënnung am Kader vun der Casting-Show "The X Factor" bis hin zu hirer leschter gemeinsamer Single "History".

Nodeem se säit 2018 näischt méi op hiren Social Network Säiten gepost hunn, hu Si sech gëschter Owend mat engem neie Post zu Wuert gemellt. Do schreift d'Band  "Tomorrow!You and me got a whole lot of history.#10Yearsof1D
Op ausser dem Site fir de Gebuertsdag vu One Direction nach eppes nokënnt, bleift also nach ofzewaarden.