Wann een dem Elon Musk nolauschtert, solle Kopfhörer elo duerch een Chip ersat ginn

Den Elon Musk seng Firma "Neuralink" huet am leschte Joer jo vill erfollegräich Experimenter u Mais an Afe gemaach. Ma an Zukunft soll een Chip am Gehier dofir suerge Musek kënnen ze lauschteren. Dëse soll dann och mat engem externe Computer verbonne ginn. Sou sollen d'Kopfhörer quasi duerch een Chipimplantat am Gehier ersat ginn. Fir dat ze erreeche wëll den "Space X"-Grënner ganz dënn Dréit benotzen déi een an d' Gehier vun der jeeweileger Persoun implantéiere kéint.

Wéini genau dës Neiheet op de Maart kennt ass nach net bekannt. Nei Detailer dozou kommen den 28. August 2020.