D'Annonce dierft bei de Fans vum Taylor Swift wuel esou munch Emotiounen ausgeléist hunn. Den neien Album kënnt schonn um Mëtternuecht an den USA eraus!

D'Taylor Swift gehéiert zu deene Kënschtler, déi ëmmer nees fir eng Iwwerraschung gutt sinn. An och säin aachte Studioalbum "Folklore" gehéiert do derzou.

An engem Instagram Post huet d'US-Sängerin haut eng Schwaarz-Wäiss Foto vu sech am Bësch gepost. Dat wierklecht interessant stoung awer ënnert dem Bild: Surprise! "Most of the things I had planned this summer didn’t end up happening, but there is something I hadn’t planned on that DID happen. And that thing is my 8th studio album, folklore,"

Et war also emol net geplangt dëst Joer een neien Album eraus ze bréngen. Ma mat eiser aktueller Situatioun, déi sech virun allem duerch Onbestännegkeet auszeechent, huet d'Sängerin gemierkt, dass et kee "perfekten" Zäitpunkt gëtt fir nei Musek eraus ze bréngen. Dofir wäert et da schonn um Mëtternuecht, amerikanescher Zäit, esou wäit sinn, dass een sech déi 16 Tracks vum Album ulauschtere kann.

Wéi d'Taylor selwer seet, huet et all seng Beobachtungen, Dreem, Ängscht a spontan Gefiller an dësen Album fléisse gelooss. An obwuel et d'Lidder an der Isolatioun geschriwwen an opgeholl huet, konnt et sech awer den Dram erfëlle mat enger ganzer Rei vu senge "perséinlechen Helden" zesummen ze schaffen. Esou zum Beispill mam Bon Iver oder dem Aaron Dessner. Wien nach alles um Album dobäi ass, ass nach net gewosst.

Um Album si 16 Tracks drop, op der Deluxe Edition gëtt et nach de Bonus Track "lakes". Donieft wëll d'Taylor de Fakt feieren, dass et scho säin 8. Album eraus bréngt. Dofir ginn et wärend enger Woch 8 verschidden Deluxe Editions op CD oder Vinyl ze kafen. All eenzel Special Edition huet een eegene Cover, Biller a Fotoen.

An domat net genuch, et soll och nach direkt dobäi ee Museksvideo erauskomme vun der zweeter Single um Album, déi sech "cardigan" nennt.

D'Tracklëscht besteet aus folgende Songs:
“the 1”
“cardigan”
“the last great american dynasty”
“exile” featuring Bon Iver
“my tears ricochet”
“mirrorball”
“seven”
“august”
“this is me trying”
“illicit affairs”
“invisible string”
“mad woman”
“epiphany”
“betty”
“peace”
“hoax”