Déi dräi Sänger hunn hir Single "Un Día" schonn ugeteased. Elo ass se do. A se sinn net nëmmen zu 3, mee souguer zu 4.

D'Dua Lipa huet dëst Joer säin Album "Future Nostalgia" erausbruecht, deen och immens gutt ukomm ass. De Bad Bunny huet dëst Joer einfach emol direkt zwee ganz Alben erausbruecht. Mee och den J.Balvin, vun deem dës Kollaboratioun ausgaangen ass, hat am März nach een Album erausbruecht.

Hir Single "Un Dia" gouf schonn e Mëttwoch ugekënnegt, an ass dann elo mat Museksvideo erauskomm. Bei dësem Titel geet et eigentlech ëm eng Trennung. Ma awer, huet de Song een éischter summerleche Flair. De Video begleet dann och eng jonk Fra, déi eleng ass, an eeben déi Trennung verschafft, an der vum Lidd gesonge gëtt. Responsabel fir de Video, war de Kolumbianesche Kënschtler "Stillz".

Lauschtert iech d'Single hei emol un: