D'Fans vum Britney Spears hu sech ënnert dem Motto "Free Britney" zesummegedoen. Elo huet säi Brudder dann ee Statement ginn, wat en doriwwer denkt.

Petitiounen un d'Wäisst Haus, Demonstratiounen a vill Posts op Instagram. Dat alles maachen dem Britney seng Fans grad, fir d'Sängerin ze "befreien". Bis elo hat d'Spears-Famill sech nach net wierklech dozou geäussert. Ma dem Britney säi grousse Brudder, de Bryan, huet awer elo an engem raren Interview Erklärungen ginn.

Him no wier dee ganze Sujet vun der Tutelle vum Britney immens komplex. Engersäits géif et stëmmen, dass d'Sängerin sech méi Fräiheete géif wënschen. Zanter 10 Joer, muss d'Sängerin all Ausgaben a Visitte vu Persoune mat sengem Papp ofklären. Eng Situatioun déi d'Sängerin zum Deel stéiert. Mee de Bryan huet och präziséiert, dass net nëmme seng Schwëster vill fir seng Karriär huet misse maachen. Déi ganz Spears-Famill huet hiert Liewen ëmgestallt, fir esou eng Karriär iwwerhaapt méiglech ze maachen. Ausserdeem wier d'Britney quasi säi ganzt Liewe laang gewinnt, dass et ee ganzt Team ronderëm sech huet, dat sech ëm Villes bekëmmert. Dofir wier hie sech och net sécher, wéi an op d'Britney iwwerhaapt mat enger kompletter Fräiheet ëmgoe kéint.

De Bryan huet awer och gesot, dass et schonn e puer Verännerunge goufen, wat d'Konditiounen vum Britney senger Tutelle ugeet. Esou hätt d'Britney och schonn eng ganz Partie Fräiheeten ageraumt kritt. Elo hofft een, dass d'Sängerin mat dëse Fräiheeten, mee och Responsabilitéite kann ëmgoen. Et ass awer net kloer ginn am Interview, op des Ännerungen elo vun der Geriichtsverhandlung vum 22. Juli stamen, oder schonn éischter agetruede sinn.