Déi südkoreanesch Band wäert méi spéit dëst Joer nach een neien Album erausbréngen. Do virdrun soll awer och nach eng nei Single erauskommen.

BTS ass mëttlerweil bal net méi einfach just eng Band, mee ee globaalt Phänomeen. Obwuel de Gros vun hire Lidder emol net op Englesch sinn! Ma d'Fans vun der südkoreanescher Grupp wäerte sech dann elo freeë, well: et kënnt Neies!

Nodeems am Februar den Album "Map Of The Soul: 7" erauskomm, ass d'Band schonn nees fläisseg. Nach méi spéit dëst Joer, kënnt dann nach een neie Longplayer eraus. Mee, fir de Fans d'Zäit vum Waarde bis dohin ze verséissen, soll nach eng Single virdrun eraus kommen. Wéi se heescht, huet BTS zwar nach net verroden. Mee, d'K-Pop Band huet awer scho wësse gelooss, dass d'Single op Englesch wäert sinn, an virun allem positiv soll sinn an esou gutt Laun verbreeden.

D'Band ass sech nämlech sécher, dass et genee dat ass, wat hir Fans, an d'Leit am allgemengen elo brauchen. An, dass de Song och genee dat bewierkt, wëllen d'Bandmembere bei sech selwer gemierkt hunn, wéi se d'Single opgeholl a do gelauschtert hunn.