Den amerikanesche Kënschtler hat eréischt de 17. Juli säin Debüt-Album erausbruecht. Dat huet hien net dru gehënnert ee Song dovun nei opzehuelen.

Fir d'Nei-Vertounung vu senger Single "Let Me Down" huet den Oliver Tree sech net egal wien an d'Boot geholl. Zesumme mat Blink-182 gouf den Track vu sengem Debüt-Album "Ugly is Beautiful" iwwerschafft.

Wien den Oliver Tree net kennt: den amerikanesche Rapper, Songwriter, Regisseur ass ee richtegt Mulitalent. An alles wat vun him produzéiert gëtt, gëtt a senger ganz eegener Aart a Weis gemaach. Mat vill Ironie, Sarkasmus an Skurrilitéit weist den Oliver Tree senge Fans d'Welt. Genee dat Richtegt, wann een dat "normaalt" Liewe wëll hannert sech loossen, an net nëmme Musek lauschtere wëll, mee och ënnerhale ginn.

Säin Album "Ugly is Beautiful" ass zesumme mat Atlantic produzéiert ginn. An et soll dann och dee leschten Album sinn. An engem Interview nach virum Release, huet den Oliver Tree schonn annoncéiert, dass hie wäert an d'Pensioun goen. Op mannst wat d'Musek ugeet. Hie wëll sech an Zukunft komplett op d'Filmproduktioun fokusséieren.