No dem riesen Erfolleg vun dem neien Album vum Taylor Swift, gett si elo beschellegt, d'Logo vun enger aanerer Firma geklaut ze hunn.

De 24. Juli huet sech eng Fra mam Numm Amira Rasool zu Wuert gemellt. An hirem Instagram Post schreift si dass d'Taylor Swift Artikele verkeeft fir méi op säin Album „Folklore“ opmierksam ze man. Dorop stinn d'Wierder "The Folklore", wat eng grouss Ähnlechkeet mat dem hätt wat hire Butték verkeeft.

Op Twitter schreift d'Amira dass si et wéineger schlëmm géif fannen dass den Numm „Folklore“ u sech benotzt ginn ass. Mee méi well et dem Logo vun hirer Entreprise géif gläichen, déi exklusiv vu schwarze Frae bedriwwe gëtt. Do drënner huet si eng Foto vun de Kleeder vum Taylor Swift, nieft d'Logo vun hirem Buttek gestallt fir d'Ähnlechkeet vun den zwee Logoen ze weisen.

D'Amira well sech dogéint stellen dass méi grouss Firmen oder Stars d'Aarbecht vu méi klenge Firme kopéieren, an dës esou ausnotzen. Dacks hunn dës Entreprise virun allem net genuch Suen, fir viru Geriicht géint déi grouss Nimm unzegoen.

Ee Statement vum Taylor Swift gëtt et bis elo nach net.